Technesch Detailer

De Science Mobil setzt sech aus engem Unhänger an enger kuerzer Zuchmaschin zesummen. Den 13 m laangen Unhänger ka mat Hëllef vun enger Hydraulik an een 42 m2 groussen Ausstellungsraum ëmgewandelt ginn.

De Science Mobil huet och eng Photovoltaikanlag déi aus 5 Solarpanneau’en vum Typ BP585F besteet an eng Leeschtung vun 425 Wp huet.

Fir de Camion opzeriichten, brauche mir:

  • eng Platz vun 25 x 8 m mat einfachem Zougang
  • Stroum : 380 V / 32 A oder 16 A

De Science Mobil gouf vun der Firma “Flad & Flad” hiergestallt.