Al Ausstellungen

Ausstellung “Alles anescht wéi banal: Mëllech, Seef, Kleeder,… ënnert der Lupp!

Vun Abrëll 2012 bis Mee 2016 konnten d’Schüler d’Ausstellung “Alles anescht wéi banal” am Science Mobil entdecken. Saache vum Alldag wéi Mëllech, Seef, Waasser, Kleeder, Tënt a Brout goufen ënnert d’Lupp geholl. Hier Chimie, Physik a Biologie si ganz faszinant, also alles anescht wéi banal.

aipl-Science Mobil_Brot aipl-ScienceMobil_Milch

Ausstellung “De Sënn vun de Sënner”

Vu Mee 2008 bis Abrëll 2012 ass am Science Mobil d’Ausstellung “De Sënn vun de Sënner” gelaf. Eis 5 Sënner si liewenswichteg. Si erméiglechen eis, d’Ëmwelt ze erkennen a warnen eis viru Geforen deene mir ausgesat sinn. Mee wéi funktionéieren d’Kucken, d’Héieren, d’Richen, d’Schmaachen oder d’Taaschten? Am Science Mobil gëtt d’Biologie vun eise Sënnesorganer presentéiert, a mir ginn op d’Physik an d’Chimie, déi mat de 5 Sënner verbonne sinn, an. D’Kucke wier zum Beispill ouni d’Luucht net méiglech, mee wat ass Luucht genee? Oder wat ass en Toun?

 

Ausstellung “Trickkiste Natur”

Vu Mäerz 2005 bis Mäerz 2008 ass de Science Mobil mat der Ausstellung “Trickkiste Natur-natierlech clever” duerch d’Land gefuer. An dëser Ausstellung gouf ee gewuer, wat de Mënsch alles vun der Natur ka léieren a wou d’Fuerscher d’Natur als Virbild fir nei Entwécklungen geholl hunn.

Ausstellung “Alternativ an erneierbar Energien”

Vu Februar 2002 bis Dezember 2004 gouf d’Thema “Alternativ an erneierbar Energien” am Science Mobil virgestallt. An dëser Ausstellung gouf ee gewuer wéi e Sonnekollektor funktiounéiert, wéi ee mat Hëllef vun der Sonn, vu Waasser oder Wand Stroum mécht, wéi eng Biogasanlag funktionéiert a wéi de Brennstoffzellenauto vun der Zukunft ausgesäit.