Mir komme bei iech

Vun alle Säite beliicht!

LiichtD’Planze brauche Luucht fir sech richteg z’entwéckelen. Faarwen an der Natur, mee och an eisem Alldag géife mir net ouni Luucht gesinn. Verschidden Déieren kënnen an der Nuecht liichten. Eise gloust wann et staark opgehëtzt gëtt. Schieter gesi mir iwwerall, mee mir gesinn net wat si eis alles verstoppen.

Hannert all deene verschiddenen Beispiller sti vill Froen an interessant Eegenschaften déi mir lues a lues duerchblécksen.

Jee no Alter vun de Kanner si verschidden Theme besser gëeegent.
Eng Tabell fann Dir op dëser Säit.

No Datum filteren
Während dësen Daten:
21/09/2017
 – 
15/10/2018
No Inhalt filteren
Informatiounen zur Kategorie: mir komme bei Iech - mam Science Mobil
 
De Science Mobil , ee Camion deen an en Ausstellungsraum ausgeklappt gëtt, fiert bei d‘Grondschoulen an och d’Lycéeën a proposéiert do Aktivitéiten fir d’Schoulklassen.
Wann dir de Science Mobil och wëllt bei är Schoul bestellen, da fëllt w.e.g. den Umeldeformulaire op eiser Internetsäit aus.
 
Déi aktuell Ausstellung vum Science Mobil bitt 5 verschidden Aktivitéiten un, déi u verschidden Alterskategorien ugepasst sinn.
Bei der Umeldung mussen d’Klasse sech nach net fir ee bestëmmten Thema decidéieren. Dat geschitt an enger 2. Phase, an zwar dann, wann de geneeën Datum feststeet, wéini de Science Mobil bei Är Schoul kënnt.
 
Kontakt: science-mobil@mnhn.lu, Tel: 46 22 33 423
Weisen d'Aktivitéiten 1 bis 5 vu 5

Alles am Schiet!

Wat ass eigentlech ee Schiet? Firwat ass e Schiet heiansdo grouss an heiansdo kleng? E Schietbild nobauen: eng kniwweleg Affaire! Ginn et faarweg Schieter? Ka Luucht eis Ëmwelt verschmotzen? Brauch d’Natur méi Schiet?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles faarweg! – Pigmenter

Wat brauche mir fir Faarwen ze gesinn? Kann een aus “Blo” “Schwaarz” maachen? Ee bloe Faarfstoff: méi deier wéi Gold? Kann ee mat décke Nëss fierwen? Firwat si vill Déieren sou schéi faarweg?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles faarweg! – Strukturfaarwen

Wéi kritt d’Seefeblos hier Faarf? Firwat blénkt dem Pohunn seng Fieder? Firwat ass den Himmel dagsiwwer blo? Firwat ass den Himmel owes rout? D’Faarwe Blo a Gréng bei den Déieren.
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Alles liicht!

Kann Eise liichten? Firwat huet de Stabilo esou eng intensiv Faarf? Firwat liicht e “Knicklicht”? Zu Puerto Rico liicht d’Mier heiansdo blo, firwat? Ginn et Déieren déi liichten?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild

Planzen a Luucht

Firwat sinn d’Planze gréng? Firwat ginn d’Blieder am Hierscht giel? Waasserpescht ënnert dem Mikroskop! Wollekeg oder sonneg: Wat huet d’Waasserpescht léiwer? Wat ass e Solarschleek?
mir komme bei Iech » mam Science Mobil
Bild