Info

Vu Februar 2002 u rullt de “Galileo Science Mobil” vum “natur musée” duerch d’Lëtzebuerger Land an d’Groussregioun. Bei Primärschoulen a Lycéeën oder och op Gemengeplaze bleift hie stoen, gëtt zu engem Ausstellungsraum vun 42m2 auserneegeklappt an da geet et lass!

Op einfach Aart a Weis a fir jidderee verständlech ginn do mat Schoulklassen (Primärschoul & Lycée) an dem “grand public” Experimenter zu aktuelle wëssenschaftlechen an techneschen Theme gemaach. D’Thema vun der Ausstellung déi presentéiert gëtt, wiesselt ongeféier all 3 Joer.

Technësch Detailer:

  • Längt: 16,3 m
  • Breet: 2,55 m resp. 4,8 m auserneegeklappt
  • Héicht: 3,85 m
  • Photovoltaikanlag: 5 Solarpanneau’en vum Typ BP585F, Leeschtung: 425 Wp

De Galileo Science Mobil gouf realiséiert vun der Firma “Flad & Flad