Al Ausstellungen

Ausstellung “Trickkiste Natur”

Vu Mäerz 2005 bis Mäerz 2008 ass de Galileo Science Mobil mat der Ausstellung “Trickkiste Natur-natierlech clever” duerch d’Land gefuer. An dëser Ausstellung gouf ee gewuer, wat de Mënsch alles vun der Natur ka léieren a wou d’Fuerscher d’Natur als Virblid fir nei Ëntwécklungen geholl hunn.

Ausstellung “Alternativ an erneierbar Energien”

Vu Februar 2002 bis Dezember 2004 gouf d’Thema “Alternativ an erneierbar Energien” am Galileo Science Mobil virgestallt. An dëser Ausstellung gouf ee gewuer wéi e Sonnekollekter fonktionnéiert, wéi ee mat Hëllef vun der Sonn, vu Waaser oder Wand Stroum mécht, wéi eng Biogasanlag funktionnéiert a wéi den Brennstoffzellen-Auto vun der Zukunft ausgesäit.