Aktuell Ausstellung

De Sënn vun de Sënner:

Eis 5 Sënner si liewenswichteg. Si erméiglechen eis, d’Ëmwelt ze erkennen a warnen eis viru Geforen deene mir ausgesat sinn. Mee wéi funktionéieren d’Kucken, d’Héieren, d’Richen, d’Schmaachen oder d’Taaschten? An der Ausstellung, “de Sënn vun de Sënner”, presentéiert de Galileo Science Mobil d’Biologie vun eise Sënnesorganer, a geet op d’Physique an d’Chimie an, déi mat de 5 Sënner verbonne sinn. D’Kucke wier zum Beispill ouni d’Luucht net méiglech, mee wat ass Luucht genee? Oder wat ass en Toun?

D’Ausstellung ass an Ënnerthemen agedeelt:

Kucken

  • Firwat gesi mir d’Welt faarweg?
  • Wou kommen d’Reebéi hier?
  • Firwat schéngen d’Saachen nuets hier Faarf ze verléieren?
  • Gesinn d’Stéieren déi rout Faarf?
  • Gesinn d’Schlaangen nuets eppes?

Richen

  • D’Riche funktionéiert no dem Schlëssel/Schlëssellach-Prinzip. Wat heescht dat?
  • Firwat huet Sauerstoff fir eis kee Geroch?
  • Firwat kommen heiansdo Erënnerunge op wa mir eppes Bestëmmtes richen?
  • Kënnen d’Beien eis beim Opspiere vu Sprengstoff hëllefen?
  • Wéi een Déier huet déi beschten Nues?

Schmaachen

  • Wéi eng Roll spillt d’Zong beim Erkenne vum Iessen?
  • Firwat schmaacht d’Iesse no näischt wa mir de Schnapp hunn?
  • Ausser d’Zong, wéi eng Organer si nach wichteg beim Schmaachen?
  • Firwat ass d’Zong rau?
  • Wéi e Goût huet Chili?

Héieren

  • Héiert ee jee no Alter déi selwecht Téin?
  • Kann ee Geräischer gesinn?
  • Héiere mir d’Elefante matenee schwätzen?
  • Wéi eng Roll spillt de Schleek an eisem Ouer?

Taaschten

  • Waarm, kal, glat, rau, wéi kenne mer déi verschidden Uewerflächen ënnerscheeden?
  • Firwat spiere mir eis Strëmp moies, mee owes net méi?
  • Firwat kennen Astronauten net ouni hier Ausrüstung am Weltall iwwerliewen?
  • Firwat taaschte mir éischter mat eisen Hänn wéi mat eise Féiss?
  • Wéi mëscht de Kiefernprachtkäfer et fir e Bëschbrand ze lokaliséieren?